
© pixabay.com
Wanter, niddreg Temperaturen. Zäit also fir vill Leit mol erëm bis an d'Sauna ze goen. Ma och do ginn et Reegelen un déi ee sech soll halen. E klenge Sauna-Knigge.
E Sauna-Gang deet eisem Kierper onheemlech gutt: eisen Immunsystem, eis Haut oder och de Kreeslaf profitéieren dovun.
Fir d'éischt gëllt emol: Zäit huelen an erof kommen. D'Sauna ass do fir z'entspanen. Dofir muss ee sech awer Zäit loossen a sech net hetzen. Dofir plangt een ongeféier 3 Stonne fir eng Visitt.
Een zweete Punkt, deen och wichteg fir d'Gesondheet ass: net iwwerdreiwen! Besonnesch wann een d'Sauna net gewinnt ass, oder schonn eng Zäitche net méi war, soll ee säi Kierper net direkt iwwerfuerderen. Wann an der Sauna eng Sandauer ass, soll ee sou och notzen. Méi laang wéi eng véierel Stonn um Stéck soll een net dobanne sinn.
Dann eng aner Reegel, déi immens wichteg ass: ier et an d'Sauna era geet gëtt geduscht! Et geet op kee Fall duer eréischt no der Sauna ze duschen.
Et ass ee Punkt mat deem sech verschidde Leit schwéier dinn, mee deen hei zu Lëtzebuerg zur Norm gehéiert: an der Sauna ass ee plakeg. De Maillot, d'Schwammbox oder soss all Kleedungsstéck gi spéitstens virun der Dier vun der Sauna ausgedoen. Wie sech wierklech onwuel fillt fir plakeg bei frieme Leit ze sëtzen, kann awer ee propper an dréchent Buedduch ronderëm sech wéckelen. Donieft muss och nach een zweet grousst Buedduch matgeholl ginn.
Eleng ass een an der Sauna seelen. Dofir gëllt et Récksiicht op déi aner ze huelen. Et soll een net ze haart schwätzen, net onbedéngt jiddereen interesséiert sech um Privatliewe vun engem aneren. Dozou gehéiert och deenen anere Leit net um Läpp ze sëtzen oder permanent un ze stuerken. Jiddereen huet Recht op seng Privatsphär, och an der Sauna!
No der Hëtzt vun der Sauna muss een awer kuerz op d'Zänn bäissen a sech ofkillen. Dat ass iwwregens keng Optioun, mee wichteg fir är Gesondheet. Wéinst der Hëtzt ginn d'Oderen op, d'Keelt mécht se erëm zou an häert de Kierper esou of.
Duerno heescht et dann: entspanen. Dofir ginn et extra Raim. Absolut Rou ass do déi iewescht Reegel. Do gëllt et sech dann awer erëm unzedoen. Am Beschten einfach ee Buedmantel apaken, da sidd der schonn ideal virbereet.
An ee leschte Punkt: wann ee krank ass, ass d'Sauna Tabu! Et strengt een de Kierper vill ze vill un an der Sauna, an et erreecht ee genee de Contraire vun deem wat d'Sauna eigentlech bréngt.