
© pixabay
Fir den 90. Gebuertsdag kritt dat beléifte Gesellschaftsspill en neie Look. Hasbro, den Hiersteller vu Monopoly, huet dräi Upgrades zum klassesche Spill annoncéiert. Wéi eng dat sinn, a wat fir exotesch Monopoly Versiounen et soss nach esou ginn, kucke mer eis elo un.
Scho mol direkt eng gutt Noriicht fir all déi, déi sech no stonnelaangem Stroossen an Haiser kafen nëmmen nach d’Enn vum Spill erbäi wënschen: Déi nei Upgrades wäerten d’Dauer vum Spill op d’Hallschent verkierzen!
Déi éischt Erweiderung heescht: "Ab ins Gefängnis!". Wien also wärend dem Spill am Prisong lant, dee ka mat Korruptioun- oder Super-Korruptiounskaarten seng Matspiller austricksen.
Als zweet gëtt et d’Méiglechkeet "Kaufe alles". Wéi den Numm et scho seet kann een dann alles kafen, souguer d’Bank. Hei gëtt et och eng "Sofortgewinn-Verkaufskarte", domadder keeft ee sech quasi seng Victoire.
De leschten Upgrade heescht "Frei Parken Jackpot". Wien hei lant, ka richteg vill Sue sammelen. E richtege Jackpot also!
Soubal all Grondstéck besat ass oder ee Spiller keng Sue méi huet, ass d’Spill eriwwer. Gewonnen huet deen, deen am räichsten ass.
Et gi bal 1200 verschidde Versioune vu Monopoly vun deene Verschiddener zimmlech exotesch sinn. Mir stellen Iech der e puer fir:
Monopoly fir Millenials
E Cliché a Form vun engem Monopoly Spill. Op der Këscht steet grouss: "Vergiess Immobilien, du kanns dir se souwisou net leeschten". Am Plaz vu Stroossen oder Haiser, kënnen d’Spiller zum Beispill d’Couch vun engem Kolleeg oder de Keller vun den Eltere gewannen. Am Ufank vum Spill muss jiddereen sech ee Millenial Token auswielen, zum Beispill en Hashtag, en LOL Emoji, oder eng Vintage Kamera. De Spiller mat der gréisster Studente Prêt Schold fänkt un.
Monopoly Edizione Pizza
Dës Monopoly Versioun ass d’Definitioun vun italieeneschem Charme: d’Spill leit an engem Pizza Kartong, an drop steet "Huel der e Stéck a vergréisser déi Gewënn". Wann een de Kartong opmécht, gesäit een als éischt eng grouss fake Pizza Salami. Wa mer beim Iesse bleiwen, et gëtt och Monopoly aus richtegem Belsche Schockela! Deen huet weder Kaarten, nach Spillfiguren, mee dofir schmaacht de Gewënn richteg gutt.
Monopoly-Sozialismus
"Well nëmme Kapitaliste gewannen". Eng Parodie vum Klassiker. D’Spiller probéiere mat hiren eegene Sue wärend dem Spill Projete vun der Communautéit finanziell ze ënnerstëtzen. Et gëtt och e gemeinsamen Investitiounsfong. Wann dee wärend dem Spill eidel gëtt, huet all Spiller verluer.
Monopoly fir schlecht Verléierer
Dëst Spill ass fir all déi, déi wärend dem Spillen nëmme Pech hunn. Den Oflaf vum Spill ass u sech dee selwechte wéi beim normale Monopoly, an awer gëtt d’Konzept e bëssen op de Kapp gedréint, a suergt fir eng gutt Portioun gesond Kompetitioun.
Monopoly fir Fuddeler
Wéi den Numm et scho seet, versprécht dëst Spill vill Spaass. Zum Spill gehéieren extra Fuddel-Kaarten, op deenen d’Spiller Methode virgeschloe kréien, wéi se am beschten d’Reegele vum normale Spill brieche kënnen. Dobäi dierf een sech awer net erwësche loossen!
An zu gudder lescht gëtt et och eng lëtzebuergesch Monopoly Editioun. Am Spill kann een Monumenter a Plazen aus dem Grand-Duché kafen, wéi zum Beispill d'Gëlle Fra, de Mëllerdall, oder de Palais. Fir d'Sproochen-Diversitéit vu Lëtzebuerg ervirzehiewen, gëtt et d'Spill an dräi Sproochen: lëtzebuergesch, franséisch, an däitsch.