D'Preparativen vum LSC an der Rockhal an d'Faszinatioun fir d'wanderen a fir d'Dauwen, dorëms goung et gëschter beim Olivier Catani a senge Gäscht Marie Mathieu, Luisa Maria Stagno a Conchita Wurst.

RTL

'Départ lass' ass e Guide mat 33 kannerliichten Trëppeltier ronderëm Lëtzebuerg vum Marie Mathieu & Sabrina Notka

Marie Mathieu
RTL
RTL

D'Luisa Maria Stagno engagéiert sech fir Déieren a presentéiert d'Buch 'la fascinante histoire du pigeon de rue'

Luisa Maria Stagno
RTL
RTL

De Countdown beim LSC an der Rockhal leeft, an och fir déi zwee Presentateuren Loïc Juchem a Raoul Roos gëtt et ëmmer méi kribbeleg.

Loïc a Raoul beim LSC
RTL

Sécher ass och elo, dass déi 2 Presentateuren nieft dem Tali am Kaderprogramm en ESC Gewënner ukënnegen dierfen. Den Tom Neuwirth, besser bekannt als 'Conchita Wurst' deen 2014 zu Kopenhagen mat 'Rise Like a Phoenix' gewonne huet.

Conchita Wurst