
© pixabay
Schlof: Mir wëssen datt et sech gutt ufillt, a mir wëssen datt et wichteg fir eis Gesondheet ass, gutt ze schlofen. Duerchschlofen ouni ze erwächen, dat ass allerdéngs eppes, wat ville Leit schwéier fält.
Sief et vu Schlof-Wëssenschaftler, oder Gesondheets-Guruen op de Soziale Medien, vu riets a lénks kritt ee gesot, et soll ee wéinstens 6 bis 8 Stonne schlofen. Um Internet fënnt een onmoosseg vill Tipps an Tricks fir besser ze schlofen. Leit déi awer mat Schlofstéierungen ze kämpfen hunn, kréien d’Gefill vermëttelt, datt Insomnia immens ongesond an anormal ass.
Deem huet e Schlof-Analytiker aus Groussbritannien elo de Wand aus de Seegele geholl. Mat senger Method, soll Insomnia kee Problem méi sinn deen et ze léise gëllt, mee eng Méiglechkeet fir seng Schlofstéierungen als Geschenk vun extra gewonnener Zäit ze gesinn.
Insomnia gouf et schonn ëmmer, an et ass och nach keen dorunner gestuerwen. Tatsächlech hu Fuerscher erausfonnt, dat d’Manéier wéi mir iwwert eis Schlofstéierungen denken, éischter eis Gesondheet beaflosst, wéi den ënnerbrachene Schlof selwer.
Hei sinn e puer Iddien, wat ee maache kann, wann een nees matten an der Nuecht erwächt ass:
Zum Beispill kann een eraus an déi frësch Loft goen, e klengen Tour trëppelen, an dobäi de schéine Stärenhimmel bewonneren.
Vill Kënschtler hunn an der Nuecht hier kreatiivste Phas. Firwat dat net ausnotzen, an einfach drop lass molen oder schreiwen.
Et kann ee sech och eng kuerz waarm Dusch oder Bidde gënnen. Am beschte mat Lavendelseef, dat calméiert de Kapp a léisst een nees méi einfach aschlofen.
Op alle Fall soll ee sou gutt et geet am Däischtere bléiwen, also keng grell LED Luuchten, oder den Handy mam Bluescreen umaachen. Dat ass wichteg, fir datt de Kierper net ëmswitched a mengt et wier Zäit fir opzestoen.
Mat dësen Tipps loosse sech Schlofstéierung gutt aushalen, a kënnen engem souguer hëllefen, den nächste Moien ouni Stress awer mat voller Energie ze starten.