Op de Frontmann vun der Rockband 'MooF' passe vill Etiketten: Daachdecker, Gäertner, Doudegriewer, Minettsdapp an 'enfant terrible' well hien huet näischt ubrenne gelooss. Am 'Café des artistes' am Gronn huet hien dem Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten näischt verheemlecht.

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Susy Lentz. Bei der Sängerin an Actrice geet et net just ëm de Virnumm, mat deem eng schwéier Laascht verbonnen ass. Mir ginn gewuer dass d'Chancen fir bei den ESC ze kommen do waren awer net genotzt goufen. Et geet ëm d'Simpsons an Stëmm vum Luxairport, de Karel Gott, FKK, an et kënnt zu engem Duett mam Dan Spogen beim Lidd 'Metti Spaghetti'.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen