
© Patrick Greis
D'Susy Lentz huet sech mam Disk 'De Billy geet op d'Rees' onstierflech gemaach. Bei der Sängerin an Actrice bekannt aus de Makadammen, geet et net just ëm de Virnumm, mat deem eng schwéier Laascht verbonnen ass. Am 'Café des artistes' ginn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten gewuer dass d'Chancen fir bei den ESC ze kommen do waren, awer net genotzt goufen. Et geet ëm d'Simpsons an d'Stëmm vum Luxairport, ëm de Karel Gott, FKK, an et kënnt zu engem Duett mam Dan Spogen beim Lidd 'Metti Spaghetti'.
Muer géint 17h15 verréit d'Susy Lentz, dass et säin Brudder um Kommiounsdag sou laang beaarbecht huet, bis dass deen eng Zeen aus dem Film erausgeschnidden huet, wou d'Susy d'Zong erausgestreckt huet. Mir héieren dass de Wee bei d'Musek iwwer Crochete gefouert huet, an héiere méi iwwer d'Pläng fir beim ESC matzemaachen.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen