Den Numm Susy Lentz verbannen der vill mam Cabaretsensembel Makadammen. Dann gëtt et déi, déi d'Susy op der Bün vun der Lëtzebuerger Revue gesinn hunn oder mat senge Kannerlidder grouss gi sinn. Am 'Café des artistes' am Gronn sinn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten awer och an d'Kandheet vum Susy wulle gaangen, a sinn op e puer witzeg Geschichte gestouss. Piano: Marc Schmidt

21-01-2025 RTL-Afterwork: mam Susy Lentz (Dënschdeg)

Muer géint 17h15 zielt d'Susy Lentz dass de Jang Linster de Schlëssel vu senger Karriär war. De Mike out sech als grousse Fan vum Disk 'De Billy geet op d'Rees' an den Dan Spogen séngt mam Susy d'Lidd vum 'Metti Spaghetti' am Duett.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen