
© Patrick Greis
D'Susy Lentz kennt ee vun der Bün bei de Makadammen oder dem Lëtzebuerger Theater. Awer och aus dem Film, vun der LP, der K7, der CD, der VideoK7 oder DVD mat ville Kannerproduktiounen. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten versicht déi eenzel Etappen ze beliichten, déi derzou gefouert hunn, dass d'Susy a seng waarm Stëmm haut sou bekannt sinn. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt d'Susy Lentz iwwer déi gutt Zesummenaarbecht mam Fausti. Mir héieren, dass d'Sängerin bal zu Münche gelant wier fir Schlager ze produzéieren, an héiere wéi de Wee vun den Éisleker Theaterfrënn bei d'Makadamme gefouert huet.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen