
© Patrick Greis
Aus deem klenge 'Susanne Marie Catherine' Lentz vun der Gare gouf dat bekannte Susy Lentz dat mat ville Lidder, Filmer a Reklammen duerch Radio an Televisioun bekannt gouf, ouni ze vergiessen, dass d'Susy sech op der Bün jorelaang a Sketcher an Theaterstécker en Numm gemaach huet. Am 'Café des artistes' am Gronn beim Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten goung och rieds vun deene Kënschtler, déi mat him gespillt a gesongen hunn. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt d'Susy Lentz e puer vun hire Wënsch op: e Chauffeur, eng kal Dusch a Pasta. D'Susy war och ëmmer Autogrammjeeërin an erënnert sech un eng 'séance dédicaces' mam Karel Gott an der Villa Louvigny.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen