
© Patrick Greis
D'Susy Lentz huet schonn vill Personnagen op der Bün vum groussen Theater oder anere Bünen verkierpert, wärend der Zäit vun der Revue oder de Makadammen. Dann huet d'Susy eng Bandbreet u Lidder drop déi hiresgläichen sicht mat Stécker fir Kanner, romanteschen Duetter awer och vill Fuesmusek. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten d'Sängerin an Actrice ganz e bësschen gestëppelt a gezeckt. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 zielt d'Susy Lentz vu grousse Schong a klenge Nuesen an et geet rieds vun enger Erfarung um FKK.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen