Ob als Sängerin an diverse Formatiounen, oder als Actrice mat de Makadammen, d'Susy Lentz kann ëmmer säin Public iwwerzeegen. An och wann déi sympathesch Dame et an der Lescht e bëssche méi roueg ugeet, da bleift d'Stëmm eemol sou waarm wéi deemools bei de Crocheten op der Fouer, wou alles ugefaangen huet. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten awer och vill privat Froen um Häerz gehat. Piano: Marc Schmidt

25-01-2025 RTL-Afterwork: mam Susy Lentz (Samschdeg)

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Steven Pitman. De Lëtzebuerger Elvis zielt, wéi säin Ausgesinn a seng Stëmm him schonn e puer mol bei Police oder Douane gehollef hunn. Mir gi gewuer, dass hien um Flughafen Hahn op d'Welt koum, dass hien 2 Joer hannert senger Fra hier war. Hie verréit, dass en eng Kéier bei engem Optrëtt seng Box vergiess hat an dass en am Mäerz seng Pensioun ufänkt.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen