Als grousse Spillnomëtteg am neie Biergerhaus zu Stengefort war den Event ugekënnegt. Awer, dass direkt bei der éischter Manifestatioun op där neier Adress souvill Leit, mam Spill ënnert dem Aarm op dem Nummer 16 rue du Luxembourg, laanscht kéimen hätten d'Organisateuren net fir méiglech gehale. Et goufen séier e puer Dëscher erbäigeschaaft, a schonn war d'Spillzëmmer prett.

RTL
20-01-2025 Zu Stengefort am Biergerhaus gouf gespillt (1) Spiller

Et konnt een d'Spillfreed aus den Aen erausliesen. Jiddereen deen de Sonndeg Nomëtteg net eleng verbrénge wollt, huet hei Anschluss fonnt. Jonk an Al hu sech vermëscht, hu sech kennegeléiert an hu géinteneen gespillt.

20-01-2025 Zu Stengefort am Biergerhaus gouf gespillt (2) Gewënner
RTL
RTL
RTL