
Woch fir Woch liwwert d'RTL Déierendoktesch Romi Roth en Abléck an d'Praxis, an do gëtt et keng zwee Fäll déi sech gläichen. Bal sinn déi kleng Patienten immens cool a geloossen, oder et geet an déi aner Richtung, an d'Déier ass net roueg ze kréien vum éischten Moment un, wou et d'Patten an d'Zëmmer eragestreckt huet.
Dës Lescht war ferme Rämmidämmi an der Praxis, schonn wéi seng Leit mam Hary an der Salle d´Attente ukomm waren. An dat am Fong laang virun hirem Rendez-Vous. Mee fir déi aner Patienten net mat geckeg ze maachen, ass den opgereegte Labradoodle léiwer emol direkt an d´Consultatioun geholl ginn. Seng Leit ware just wéinst där Geckegkeet déi hiren - soss am Fong ganz léiwen an éischter doucen - Hary op eemol u sech hat, mat him komm an haten och schonn e ganz konkrete Verdacht: déi Saach mat deem „Weerwolf-Syndrom“ vun de vergëften 'Knaschanken aus Rëndshaut', iwwert déi an der Lescht jo och vill ze héieren an ze liesen war.
Majo, an deene Kna-Dénger soll jo eng Zort Nervegëft dra sinn, vun deem awer nach kee weess, wat et da genau ass, mee dat d´Honn wéi Wëllef huerele léisst an och soss ganz wibbeleg a benzeg mécht.
Mat Wësse vu senge Leit hat eise Patient Hary awer guer keng där Schänkelcher kritt. Ausser engem klenge Rëndsjarret kritt hien näischt wat un déi industriell Rëndshaut-Spillknachen erukomme kënnt. Par contre hat de Lëmmel sech den Owend iert d´Probleemer richteg ugefaangen hunn op de Balcon geschlach wou d´Iwwerreschter vun engem groussen Owesiessen do stoungen fir de Moien drop ofgeraumt ze ginn. An dem Hary seng Meeschtesch hat duerno gesinn, dass de Mupp de ganze Plat mat der Kachsalz-Kuuscht verhaft hat, an där eng Dorade gutt aromatesch präparéiert gi war an och aus alle Kaffistasen de Rescht Cafécrème erausgeschlabbert hat. Hien hat op déi Manéier eng kleng Salz- a vum sëllege Kaff och eng Theobromin-Vergëftung, déi der Bluttanalys no schonn e bëssen op seng Niere geschloe war. Mat enger klenger Sedatioun gouf hien en Dag laang gebaxtert an hat sech dunn nees berouegt.
Op de Balcon duerf de Fatzert just nach wa näischt fir ze jicken oder ze schluppen drop steet.