Enger Etüd no vun Henley&Partners, weltwäit aktiv an der Berodung vu Wunnsëtz a Staatsbiergerschaft, läit de Lëtzebuerger Pass ganz vir am Ranking vun de beléifte Passen, dat heescht, datt ee mat eisem Pass an immens vill Länner ouni Visa ka reesen. Si hu weltwäit 199 Reespäss ënnert d'Lupp geholl a mat eisem Pass kann een an 191 vun am ganzen 227 weltwäit Reesziler ouni Visa reesen. Wat heescht dat dann elo genee? D'Marie Gales huet beim Ausseministère nogefrot.

28/01/2025 Lëtzebuerger Pass

Dat heescht, datt d’Staatsbierger vun engem Land, déi mat hirem Pass op eng Destinatioun wëlle reesen, keng Demarchen am Viraus maache mussen fir e Visa unzefroen.

Do kann een dann direkt d'Beispill vu Russland oder den USA nennen, do brauch de Lëtzebuerger awer e Visa.

Effektiv brauche Lëtzebuerger e Visa fir a Russland kënnen anzereesen, egal ob et fir Tourismus, Geschäft oder aner Zwecker ass.
Allerdéngs brauche Lëtzebuerger fir an d'USA fir kuerz Reese bis maximal 90 Deeg (Tourismus, Geschäft oder Transit) kee Visa mä eng ESTA-Autorisatioun (Electronic System for Travel Authorization), déi een 72 Stonne virun enger Arees an d'USA muss ufroen. Dëst ass eng elektronesch Areeserlaabnis, déi 2 Joer gëlteg ass.

Singapur kann esouguer an 195 Länner ouni Visa reesen, a 4 méi wéi mir?

Singapur erfëllt vill Krittären, déi um Site vun Henley&Partners opgelëscht sinn, betreffend der visafräier Arees, Visa-Ufro bei enger Arees respektiv kënnen anzereese mat enger elektronescher Areesgeneemegung. D’Decisioun, ob ee Land exemptéiert gëtt fir ouni Visa, also kee Visa brauch fir kënnen anzereesen, gëtt ëmmer um nationalen Niveau vun all Land eenzel entscheet.

Singapur läit an dësem Ranking op der 1. Plaz mat 195 Länner, Japan op 2. Plaz mat 193 Länner, da Frankräich, Spuenien, Däitschland, Italien, Finnland a Südkorea op 3. Plaz a mir kommen op déi 4. Plaz mat Éisträich, Dänemark, Irland, Holland, Norwegen a Schweden fir an 191 Länner ouni Visa ze reesen. Wien oder wat fir Konditiounen definéiere wat fir e Land e Visa brauch oder net?

Am EU Reglement 2018/1806 ass definéiert wéi eng Länner exemptéiert, respektiv visaflichteg sinn fir an d’EU, zum Beispill, kuerzfristeg anzereesen. Op Basis vun enger Evaluatioun, definéiert am Artikel 1 vun deem selwechte Reglement, hëlt d’EU, fir och zesummen ze funktionéieren, ëmmer gemeinschaftlech Entscheedunge wat d’Visafräiheet ubetrëfft. Gëtt esou en Ofkommes mat engem Drëttland ausgehandelt, gëllt och ëmmer d'Reegel vun der Reciprocitéit fir all EU-Bierger.
Verschidde Länner hunn opgrond vun hiren historeschen oder kulturelle Verbindungen, aussepolitesche souwéi diplomatesche Bezéiungen, oder och wéinst wirtschaftleche an touristesche Grënn, ënnert anerem visafräi Areesbestëmmunge fir kuerzfristeg Perioden ausgehandelt, woubäi verschidden Ofkommessen op enger bilateraler respektiv regionaler Grondlag ausgehandelt kënne ginn.
Eng visafräi Arees fir e Land bedeit net onbedéngt dass dës géigesäiteg ausgeluecht ginn ass, am Zesummenhang fir visafräi kënnen anzereesen.

Wat fir e Land brauch e Visa fir op Lëtzebuerg?

Länner, déi e kuerzfristege Visa brauche fir op Lëtzebuerg anzereesen, sinn am EU Reglement 2018/1806 an der Annex 1 festgehalen. Dëst betrëfft Drëttlänner, déi keen Ofkommes fir eng Visafräiheet mat der EU ausgehandelt hunn.
E Pass kritt all Persoun, déi déi Lëtzebuerger Nationalitéit besetzt, kann en ordinäre Pass ufroen. D'Demande ka bei der Gemeng an am Passbüro gestallt ginn. Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, kënnen dës Demande och iwwert eng Lëtzebuerger Representatioun stellen. Weider Froe spezifesch zu der Demande fir d’Lëtzebuerger Nationalitéit missten un de Justizministère geriicht ginn.

Eppes huet d'Etüd och nach gewisen, datt et europäesch Länner sinn, déi do d'Nues viru hunn an datt et net automatesch déi grouss Muechtlänner sinn, déi déi bescht Reespäss hunn. Esou brauch d'USA fir méi Länner elo e Visa, ass op déi 9. Plaz gefall, Russland ass op der 46. Plaz a China op 60. Plaz an dësem Ranking.

Weider Detailer: