
© Patrick Greis
Zanter dass et déi blo Pëllen gëtt, ass de Männer hir Standfestegkeet net nëmmen Thema vu ville Witzer mee och an der Consultatioun ginn d'Dokteren ëmmer méi op dee Sujet ugeschwat. Den Dr Marc Keipes aus dem ZithaGesondheetszenter op der Gare beschäftegt sech haut mat enger Etude déi interessant Informatiounen ervirbruecht huet.
Hei ass awer elo keng nei pharmakologesch Studie mee eng Metaanalys iwwer Liewensstil, also en Zesummefaassen vun 11 méi klengen Etüden déi ongeféier 1100 Männer zu deem Thema ënnersicht huet. 600 vun hinnen hu sech missten engem Ausdauertraining mat Muskeltraining ënnerzéien déi 500 aner ware de Grupp Témoin. De Sport war 3-5x d'Woch fir eng Dauer tëscht 30 a 60 Minutten, a wärend 6 Méint an der Moyenne. De Krittär fir d'Direktivfunktioun ze moossen ass international unerkannt a goung beim Sportsgrupp ëm 2,8 Punkten erop.
Wa mer de Fazit zéien, stelle mer ganz kloer Ënnerscheeder bei de Resultater fest.
Als Verglach. Bei der Behandlung mat deene bloen Pëllen geet et tëscht 4 bis 8 Punkten besser. Bei der Testosteronersatztherapie nëmmen ëm 2 Punkten. Als Conclusioun, de Sport wierkt, a mécht d'Männer jo och soss méi gesond. En plus ass et jo och net, dass ee sech tëscht Dessert a Kéis muss entscheeden am Menü. T'kéint een jo och kloer béides maachen also Sport an dann nach e bësschen nohëllefen. Kloer ass och, an dat hu mer jo méi dacks hei gesot, méi Sex ass gutt fir d'Gesondheet vu Fraen an och vu Männer.