
© rtl
Wat ass dëse Weekend lass?
Nom grousse Succès vum leschte Joer ass de Luxembourg Song Contest den Owend nees zeréck an der Rockhal, wou ënnert de 7 Finalisten de Lëtzebuerger Vertrieder fir de Eurovision Song Contest zu Basel gewielt gëtt. D'Show gëtt vum Loïc Juchem a Raoul Roos moderéiert, d'Tali stellt säin neit Lidd vir an d'Show gëtt live op all eise Medien iwwerdroen.
Nodeem s e schonn e puermol zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun opgetrueden ass, schléisst den Alex Monteiro seng Serie u Stand-Up Comédie den Owend um 8 Auer am Ale Stadhaus zu Déifferdeng of.
Op der Schmelz zu Diddeleng ass de Salon fir Kanner a Jugendbicher, dëst vun de Moien 10 bis den Owend 6 Auer. Eng 30 Auteuren an Editeure si sur place.
D'KPA an LXPE lueden iech häerzlech a fir hier zweet Editioun vum Nationale Chase Thrill. Chase Thrill ass ee Parkour Katz a Maus Hindernissspill wou Parkour Traceuren géingteneen untrieden. Dat Ganzt gëtt zu Remerschen an der Sportshal am Kader vun enger Nationaler Kompetitioun an och fir den Televie organiséiert.
D'Chorale Enfantine vun der Käerjenger Museksschoul presentéieren nei Stécker vun hirem CD fir hir 60 Joer um 4 Auer am Festsall Pontebier Schouweiler.
Jump the Castle heescht et de Moien ab 10 Auer an der Sportshal zu Käerch, mat ville faarwege Sprangschlässer, wou fir den Televie gespronge gëtt.
D'Bouneweger Musek invitéiert op hire grousse Gala Concert '25, haut den Owend um 20 Auer am Stater Conservatoire.
De Sonnden ëm 3 Auer ass eng Improvisatioun Dance Jam am Aero Yoga Studio an der Stad.
https://www.luxembourg-city.com/en/what-s-on/event/contact-improvisation-dance-jam-ouwf