D’Europäesch Kommissioun wëll de Verkaf vun Autoe mat Verbrennungsmotor an Europa ab 2035 stoppen - eng vun de Mesure fir bis 2050  klimaneutral ze ginn. A China explodéiert grad de Marché un Elektroautoen. An d'erneierbar Energië ginn a groussem Tempo ausgebaut an de Präis dofir geet staark erof. Dat alles weist an d'Richtung, dass den Elektroauto wuel wäert an Zukunft d'Dominanz vum Verbrenner briechen.

Mee Mr Science, ass den Elektroauto wierklech méi ëmweltfrëndlech?

Mr Science: Fir d’éischt ass et jo mol sou, datt egal wat mir produzéieren, mir jo musse an de meeschte Fäll Rohstoffer aus dem Buedem huelen an dës veraarbechten – dat ass nie ëmweltfrëndlech an dat frësst Energie. En Elektroauto huet zwar insgesamt vill manner mechanesch Deeler wéi e Verbrenner, mee bei senger Produktioun entsteet den Ament nach 1,5 mol souvill CO2 wéi beim Verbrenner, haaptsächlech well d’Batterië-Fabrikatioun zimlech Energie a Ressourcenopwänneg ass. Et ass awer elo schonn sou, datt, wann een déi gesamt Liewensdauer vum Auto kuckt, den Elektroauto zu Lëtzebuerg tatsächlech nëmmen hallef sou vill CO2-Emissiounen produzéiert wéi e vergläichbare Verbrennermodell. Dat aus zwee Grënn: 1. Well den Elektromoteur  méi energieeffizient ass wéi de Verbrennermoteur. An 2. Well de Stroummix zu Lëtzebuerg zu engem groussen Deel aus erneierbaren Energiequelle staamt.  

Eent nom aneren. Wat heescht “méi energieffizient?  

Méi energieeffizient’ heescht, datt den Elektromotor déi zougeféierter Energie bal komplett a Beweegung ëmsetzt – konkret 80-90%. Beim Verbrenner gëtt e groussen Deel vun der Energie an Hëtzt ëmgewandelt a geet verluer.  
An der Praxis bedeit dat, datt den Elektroauto vill manner Energie brauch, fir déi selwecht Distanz ze fuere wéi e Verbrenner.

Ok, mee de Stroum fir an den Elektro-Auto muss jo och produzéiert ginn, genee wéi Bensin oder Diesel?  

Genee, wa Stroum just mat Hëllef vu fossille Quelle produzéiert gëtt, z. B. a Kuel- oder Gaskraaftwierker, dann entsteet och vill CO2. Deen Ament géif den Elektro-Auto keen oder kaum CO2 am Verglach mam Verbrenner aspueren. Mee dat ass net de Fall, well aktuell staamt de Stroum zu Lëtzebuerg schonn zu iwwer 50% aus erneierbaren Energiequellen – an dës Zuel wäert an Zukunft just klammen. Mat dem aktuelle Stroummix ass dem Elektro-Auto sain CO2-Foussofdrock wärend der Notzung 3 bis 4 mol méi kleng wéi engem vergläichbare Verbrenner sain.  
Wat och dacks vergiess gëtt, ass datt d’Produktioun an d’Eruschaafen vu Bensin oder Diesel jo och schonn opwänneg ass an och vill Energie consomméiert - wou och bei all Schrëtt zousätzlech CO2 entsteet ier den Brennstoff iwwerhaapt am Tank ass.

Jo mee de Lithium fir d’E-Auto-Batterie muss jo och erugeschaft gi, genee wéi Bensin oder Diesel? 

Jo, do gëtt Lithium a vill aner Metaller gebraucht, mee an dem Wuert „gebraucht“ stécht nach een anere Virdeel vum Elektro-Auto par rapport zum Verbrenner. Et gëtt näischt zerstéiert mee just benotzt.
Beim Verbrenner ginn de Bensinn an den Diesel einfach verbrannt, fir de Moteur unzedreiwen a  sinn da fort. An duerno brauch een Neies. Dee gëtt also VERbraucht, an d’Batterie vum Elektroauto gëtt just GEbraucht. An och wann eng Batterie an engem Elektro-Auto emol ausgedéngt huet, da gëtt se net ewech gehäit. Je no hirem Zoustand ka se nach als stationären Energiespäicher genotzt ginn. Oder d’Material gëtt recycléiert a weider genotzt an ass ebe net fort.   
An d’Effizienz vu Batterië wäert och an Zukunft nach besser ginn. Aktuell gëtt och vill un Natrium-Batterie gefuerscht. Natrium ass e Bestanddeel vu Kachsalz. Deen ass gënschteg a vill méi einfach ze gewanne wéi Lithium.  
Beim Elektroauto komme non stopp nei Innovatiounen op de Maart, mee beim Verbrennerauto  kënne mer keng grouss technologesch Entwécklunge méi erwaarden. D‘E-mobilitéit gehéiert momentan sécherlech zu denen spannendsten an dynameschsten Gebidder vun de Fuerschung an do wäerten nach vill Iwwerraschungen op eis duer kommen.