
© Patrick Greis
E Kachbuch dat Spaass mécht a mat deem ee gesond bleift, e Studentenaustausch wou eppes hänke bliwwen ass a 5 Clownen déi dat perfekt Gehéier hunn, dat waren d'Themen gëschter am LIVE! planet people. Beim Dan Spogen waren d'Tammy Diderich, d'Pauline Dubreucq an déi hollännesch Formatioun 'Släpstick'.

Als Dieteticienne weess d'Tammy Diderich net just wat gutt schmaacht, mee och wat gesond hält


© jaapreedijk
Déi 5 Clownen vu 'Släpstick' inspiréieren sech un der Stommfilmzäit a sinn e Sonndeg zu Maarnech

© jaapreedijk

D'Pauline Dubreucq war 2 Méint zu Kavala a Griechenland an huet Schoulkanner bei Sproochecoursen gehollef
