De Lëtzebuerger Elvis zielt, wéi säin Ausgesinn a seng Stëmm him schonn e puer mol bei Police oder Douane gehollef hunn. Am 'Café des artistes' am Gronn ginn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten gewuer, dass de Steven Pitman um Flughafen Hahn op d'Welt koum, dass hien 2 Joer hannert senger Fra hier war. Hien verréit, dass en eng Kéier bei engem Optrëtt seng Box vergiess hat an dass en am Mäerz a Pensioun geet. Piano: Marc Schmidt

27-01-2025 RTL-Afterwork: mam Steven Pitman (Méindeg)

Muer géint 17h15 verréit de Steven Pitman dass een als 'Elvis' schonn Virdeeler huet, wann et drëms geet an enger Schlaang ze stoen a mir héieren, dass säin éischte bezuelten Optrëtt op enger improviséierter Chrëschtfeier war.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen