
© Patrick Greis
Et gëtt wuel kee Superstar, deen esouvill imitéiert gëtt wéi de ''King of Rock ’n’ Roll' Elvis Presley. De Steven Pitman ass een dovunner. 25 Joer laang war dem Lëtzebuerger Elvis säin Agenda gutt gefëllt, an den 2. Mäerz feiert hien de ronnen Anniversaire an der Philharmonie, dat och gläichzäiteg de 'Farewell Concert' ass. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten versicht de Mann hannert der Mask an der markanter Stëmm besser kennen ze léieren, deen um Flughafen zu Hahn op d'Welt komm ass. Piano: Marc Schmidt
28-01-2025 RTL-Afterwork: mam Steven Pitman (Dënschdeg)
Wéi no Spaass an Eescht beienee leien, héiere mir muer géint 17h15 wann de Steven Pitman verréit wéi hien zum groussen Elvis-Fan ginn ass, mee mir héieren och wéi et fir hie war wéi seng Mamm relativ jonk verscheet ass, an hier nach esou vill verziele wollt, wat hien virdrun net gemaach hat.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen
Am meeschte gelies