
© Patrick Greis
Dem King of Rock'n'Roll Elvis Presley ass et leider net méi vergonnt op der Bün ze stoen a Concerten ze ginn, awer de Steven Pitman ass een vun deenen, duerch déi d'Musek vum Elvis weiderlieft. 25 Joer mécht hien dat elo schonn, an den 2. Mäerz wëll hie mat engem 'Farewell Concert' an der Philharmonie säin Anniversaire feieren an sou lues der Bün Äddi soen. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten am Steven senger Glanzzäit gewullt a sinn op vill bosseg Geschichte gestouss. Piano: Marc Schmidt
Muer géint 17h15 verréit de Steven Pitman, wéi hien doheeem ageriicht ass, an ob alles no Elvis ausgesäit. Mir gi gewuer firwat hie keen Jumpsuit huet, an hie verzielt, datt hien eng Kéier fir en Optrëtt seng Box doheem vergiess hat.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen