Wann een de Steven Pitman op der Bün gesäit, kënnt hie sengem Idol Elvis Presley schonn zimmlech no, an dat net just bei der Stëmm, mee och wéi en ugedoen ass, wéi e sech beweegt a wéi en ausgesäit. Am 'Café des artistes' waren all Luuchten an Aen op de Steven Pitman geriicht, deen dës Roll zanter 25 Joer mat Bravour op der Bün iwwerholl huet. Am Gespréich mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten goufen all déi Froen gekläert, déi ee sech bei engem Elvis-Doubel stellt. Piano: Marc Schmidt

31-01-2025 RTL-Afterwork: mam Steven Pitman (Freideg)

Muer géint 17h15 verréit de Steven Pitman, dass hie bei Séissegkeeten oppasse muss. Mir héieren, dass den Elvis keen Alkoholproblem hat, a gi gewuer, dass de Steven bei sengen Hoer nogehollef huet fir dass se sou voll wierken.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen