
© Patrick Greis
De Steven Pitman ass een vun de meeschtgefroten Elvis-Tribute-Acts vun Europa a Gewënner vun der Europameeschterschaft vun den Elvis-Doublen 2015. Hien gëtt Privatconcerten, mécht Firmeneventer zu engem onvergiesslechen Moment an kënnt an Altersheimer oder bei Veräiner. Den 2. März soll mat engem 'Farewell Concert' an der Philharmonie e Schlussstréch gesat ginn. Am 'Café des artistes' huet hie mam Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten e Flashback op säin Liewen gemaach. Piano: Marc Schmidt
Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Direkter vun der FEDIL. De René Winkin schwätzt iwwer seng Éisleker Wuerzelen a verréit firwat säin Häerz am Fussball fir Liverpool schléit. Mir gi gewuer wéi seng eegen fussballeresch Qualitéiten sinn, wéi e beim Sportsjournalismus gelant war, an en erënnert un eng memorabel Soirée mam Astrid Lulling zu Stroossbuerg. Den Hobby DJ zielt wéi et hannert de Kulissen vu Wirtschaftsmissiounen ofleeft a firwat et a senger Studentenzäit beim Kleeschen zu enger brenzeleger Situatioun komm war.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen