Aus de Filmer oder Reportagen huet een d'Bild am Kapp dass Dierwiechter geféierlech liewen. Si sinn et, déi eng Wunneng raume mussen an do mat Iwwergrëff rechne mussen. Ganz dacks gi se dofir begleet vun der Police. Awer wéini kënnt den Dierwiechter. An der Majoritéit vun de Fäll geet et ëm de Loyer, deen d'Leit net méi kënnen, respektiv net méi wëlle bezuelen. Virun 11 Joer huet et nach an engem Artikel op rtl.lu geheescht dass pro Woch 8 Locatairen aus hire Wunnengen geheit ginn.

28/01/2025 Fro den Affekot