
© Pixabay
... 185 Joer bestit di brittesch Kinnigin Victoria zu London de Prënz Albert von Sachsen-Coburg und Gotha. Obwuel hie net Kinnek gëtt, huet de Prënz vill Afloss op dat Viktorianescht Zäitalter. Him zu Éieren dréit de bekannte Concertssall Royal Albert Hall säi Numm.
1673 gëtt dem Auteur an Acteur Molière seng Comedie vum Maladie Imaginaire zu Paräis uropgefouert. Hie selwer spillt d'Haaptroll. Wärend der 4. Opféierung eng Woch méi spéit krit de Molière op der Bün e Bluttstuerz a stierft kuerz duerno bei sech doheem.
Haut viru 85 Joer kënnt den éischte Film mat den Zeechentrickfiguren Tom an Jerry an di amerikanesch Kinoen. Bis 1967 ginn 160 weider sou Filmer produzéiert, ëmmer nom Motto "Kaz wëllt Maus, mee Kaz krit Maus an der Reegel net". 7 där Episode gi souguer mat engem Oscar präméiert. Duerno, a bis haut, gi fir d'Tëlee di verschiddenst Tom & Jerry Serië produzéiert.
1942, matten am Zweete Weltkrich, huet de Glenn Miller eppes ze feieren. Dem Bandleader seng Single Chattanooga Choo Choo verkeeft sech 1,2 Millioune mol, ass 9 Woche laang Nummer 1, gëtt mat enger Gëllener Schallplack ausgezeechent a fir en Oscar nominéiert. Et zielt zum Miller senge gréissten Hitten.
1947 ginn zu Paräis op der Friddenskonferenz d'Verträg ënnerschriwwen tëscht den alliéierte Gewënner an den europäesche Achsepartner vum Däitsche Räich. Gereegelt ginn ë.a. den Ofzuch vun de Besatzungstruppen, d'Rapatriéieren vun de Krichsgefaangenen an d'Reparatiounskäschten. Donieft krit Däitschland seng staatlech Souveränitéit zréck fir an de Vereente Natioune Member kënnen ze ginn.
Zu Turin fänken 2006 di XX. Olympesch Wanterspiller un. 80 Natioune si gemellt, dorënner fir d'éischt Ethiopien a Madagaskar. Fir Lëtzebuerg geet d'Fleur Maxwell am Äiskonschtlaf un den Depart. Erfollegräichste Natioun sinn um Enn eis däitsch Nopere mat 29 Medailen, dovun 11 gëllener.
Wou mir grad bei Olympia sinn - 75 Joer al gëtt haut de Mark Spitz. Den amerikanesche Schwëmmer hat 1972 bei de Summerspiller zu München 7x Gold gewonnen - all Kéiers verbonne mat engem neie Weltrekord. Säi Medailerekord sollt réischt 2008 vum Michael Phelps gebrach ginn.
2009 ass et deen éischte bekannte Satellitenaccident am Weltall. A knapp 800km Héicht kollidéieren d'Kommunikatiounssatelliten Iridium 33 a Kosmos 2251 mat enger relativer Vitess vun 11.6km/s. Méi wéi 100.000 Brochstécker wäerten iwwer Joerzéngten am Weltraum bleiwen a fir Gefor suergen. Di international Raumstatioun ISS huet dowéinst scho puermol vun hirer Ëmlafbunn auswäichen.
1987 stierft den Hans Rosenthal - däitschen Entertainer, Moderator a Regisseur, deen den Zweete Weltkrich am Berliner Ënnergrond iwwerlieft huet a bekannt war fir seng Tëleesemissioun Dalli Dalli.