Télévie, 2000er, David Goldrake, Gims a Peppa Wutz.

Haut a muer ass nach den Autofestival zu Lëtzebuerg. Ma et muss jo net onbedéngt e fonkelneie sinn, beim Occasiounsmaart zu House kann een och säi Gléck fannen an dat dann och nach mam gudden Zweck verbannen. Fir all verkaaften Auto iwwerweist den Occasiounsmaart 100 Euro un den Télévie. Déi Aktioun leeft nach bis den 28. Februar.

Muer ass Liichtmëssdag. Deemno si muer vill Kanner ënnerwee, Automobilisten opgepasst. Zu Betteng ginn d'Kanner och liichten, ma do geet den Erléis un den Télévie. Nom Liichte ginn et nach Paangecher am Centre Culturel zu Betteng.

Den Owend um 20:00 kann ee sech am Centre Turelbach zu Mäerzeg verzaubere loossen. Keen anere wéi den David Goldrake invitéiert op eng Show fir seng 25 Joer op der Bün ze feieren. Muer de Mëtten um 16:00 ass déi selwecht Show dann zu Schëffleng am Hal Polyvalent.

Hips Don't Lie, In Da Club, Umbrella, 99 Problems, Seven Nation Army. Alles Lidder aus den 2000er. Déi kritt Dir den Owend vun 22:00 un am Atelier zerwéiert.

Muer de Mëtten um 15:00 ass d'Peppa Wutz am Centre Culturel OpderSchmelz zu Diddeleng. Fir déi kleng Butze ginn d'Dieren um 14:00 op.

A muer den Owend um 19:00 ass den ausverkaafte Concert vum Gims an der Rockhal.