... 35 Joer gëtt de südafrikanesche Mënscherechtsaktivist, a spéidere Staatspresident, Nelson Mandela no 28 Joer aus dem Prisong entlooss. Et ass den Ufank vum Enn vun der Apartheidspolitik a Südafrika.

11/02/2025 Haut virun...

Italien an den Hellege Stull ënnerschreiwe 1929 de sougenannte Lateran-Traité, mat deem de Vatikan eng souverän Enklav bannent Italie gëtt. De Poopst erkennt Roum als Sëtz vun der italieenescher Regierung un, wärend des di politesch an territorial Souveränitéit vum Vatikan garantéiert.

1945 geet d'Konferenz vu Jalta op en Enn. Den US-President Roosevelt, de sowjetesche Staatschef Stalin an de brittesche Premier Churchill gi sech iwwert eng Neiuerdnung vun Europa nom Zweete Weltkrich eens. Ënnert anerem soll Däitschland a 4 Besatzungszonen opgedeelt ginn.

Zu Washington, zu London an zu Moskau gëtt 1971 jeeweils den internationale Kontrakt iwwer d'Notze vum Mieresbuedem ënnerschriwwen. Dodran ass d'Verbuet festgehalen, um Grond vun de Weltmierer Atombommen oder soss Massevernichtungswaffen z'entwéckelen, ze stationéieren, ze testen oder ze lageren. 84 weider Staaten ënnerschreiwen an de Joren duerno och.

RTL

© Pixabay

1979 brécht am Iran di konstitutionell Monarchie endgülteg zesumme wéi islamistesch Revolutionärer d'Iwwerreschter vum Schah senger Arméi attackéieren. Den iranesche Premier gëtt gestierzt an dem Ajatollah Chomeini seng Géigeregierung iwwerhëlt di politesch Muecht am Land.

No 27 Joer kënnt de Nelson Mandela 1990 aus dem Prisong. Dee selwechten Dag gëtt de Michail Gorbatschow zu Moskau dem Helmut Kohl de grondsätzlechen Accord fir di däitsch Reunifikatioun. Ost a West misste selwer wësse wéi e Wee se wéilte goen, sou laang se di europäesch Grenze respektéieren a nei Sécherheetsstrukture mat schafen.

De Steve Fossett lant 2006 no engem bal 77 Stonne laange Vol a Südengland. Den Amerikaner stellt domat de Weltrekord fir de längste Nonstop-Vol op. Eemol ronderëm d'Welt a nach eng Kéier iwwert den Atlantik a sengem spezielle Fliger GlobalFlyer maachen zesummen 41.467km an der Loft.

Am Kader vum sougenannten Arabesche Fréijoer kënnt et och zu Protester an Ägypten. Haut viru 14 Joer erkläert de Staatspresident Husni Mubarak no bal 30 Joer un der Muecht säi Récktrëtt. E Militärrot iwwerhëlt d'Regierungsgeschäfter.

De Kach vum Joerhonnert kënnt haut viru 99 Joer op d'Welt. Dem Paul Bocuse säi Restaurant huet 54 Joer laang 3 Michelin-Stären - duerch de Fransous gëtt di sougenannte "nouvelle cuisine" populär.

Dee selwechten Dag kënnt de Leslie Nielsen op d'Welt. De kanadeschen Acteur ass virun allem bekannt duerch seng Roll vum Lieutenant Frank Drebin an de Nackte Kanone Filmer.

1941 kënnt de Sérgio Mendes op d'Welt. Brasilianesche Museker a Komponist, ee vun de Pionéier vum Bossa Nova.

2012 stierft d'Whitney Houston, US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin mat 220 Millioune verkaafte Placken a 6 Grammyen.