Modern Woe moosse scho laang net méi nëmmen d’Gewiicht. Och de Fett- an de Muskel-Prozentsaz, sou wéi de BMI an de Kalorien-Bedarf kënne domadder méi oder manner exakt gerechent ginn. Zimmlech praktesch also, wann een e puer Kilo verléieren oder Muskelen opbaue wëll. Mee kann ee sech wierklech op dës Wäerter verloossen?

05/02/2025 Kierperfett-Woen

An Däitschland goufen 10 esou Kierperfett-Woe getest.

Béi dëse Woe kënnt et virun allem op dat richtegt Weien un. Am beschten et weit ee sech ëmmer ëm déi selwecht Auerzäit, an dat niichter a buerféiss. Nëmmen esou funktionéiert déi sougenannte Bioimpedanz-Miessung, déi de Muskel- a Fettwäert festleet.

Tatsächlech huet e relativ gënschtege Modell am Test am beschten ofgeschnidden. Dës Wo vun der Mark Beurer huet virun allem bei der Miessung vum Muskel- a Fett-Prozentsaz iwwerzeegt.

Am schlechtsten ofgeschnidden huet d’Body Smart Wo vun der Mark Withings. Obwuel dëse Modell méi deier ass, ass seng Qualitéit immens schlecht. Béi der Miessung vun der Muskelmass loung d’Wo zu 28 Prozent nieft dem korrekte Wäert.  

Am allgemenge liwweren d’Woen nëmme vage Wäerter. Wann ee bësse Gewiicht verléiere wëll sinn dës Kierperfett-Woe praktesch. Fir awer méi exakt Resultater ze kréie sollt een am beschten eng professionell Miessung bei engem Dokter duerchféiere loossen.