
© afp
De 16. Februar sinn nees d’Baftas – d’British Academy Film Awards 2025. Fir dës Zeremonie komme Schauspiller, Filmdirekteren, a Filmcrews zu London zesumme fir déi beschte Filmer vun de leschten 12 Méint ze zelebréieren. Mir stëllen Iech déi top nominéiert Filmer fir:
Conclave
Den Thriller mam Ralph Fiennes an der Haaptroll huet ganzer 12 Nominatioune kritt, dorënner beschte Film a beschte brittesche Film. De Ralph Fiennes, deen ee vläit als Lord Voldemort aus Harry Potter kennt, ass als beschte männleche Schauspiller nominéiert. Am Film geet et ëm ee vun de wichtegsten Evenementer an der kathoulescher Kierch: en neie Poopst soll gewielt ginn. Dobäi kënnt et zu Manipulatiounen an Intrigen, an och dat eent oder anert Geheimnis kéint d’Existenz vun der Réimesch Kathoulescher Kierch a Gefor bréngen.
Emilia Pérez
De Musical Thriller mam Zoé Saldana a Selena Gomez huet scho bei de Golden Globes gutt ofgeraumt. An och fir d’Baftas ass de Film 11 mol nominéiert ginn. D’Geschicht handelt vun enger mexikanescher Affekotin, déi engem Droge Boss hëllefe soll, seng kriminell Vergaangenheet hannert sech ze loossen. Hie well zukünftegt als Fra liewen, eppes wat hie sech scho laang wënscht, a sech awer ni getraut huet. Bis elo.
The Brutalist
De Schauspiller Adrien Brody spillt am Film "The Brutalist" e jiddeschen Architekt, deen nom 2. Weltkrich mat senger Fra an Amerika auswandert. De Film gëtt als emotionaalt Meeschterwierk beschriwwen, an deem d’Brutalitéit vum Krich d’Liewe vun deenen, déi den Holocaust iwwerlieft hunn, staark beaflosst. Zu Recht ass dës emouvant Geschicht 9 Mol fir d’Baftas nominéiert ginn.
Anora, Dune: Part Two a Wicked
Direkt dräi Filmer krute 7 Nominéierungen. "Anora" ass eng moderniséiert Versioun vu Cinderella, wou eng jonk Fra aus Brooklyn de Jong vun engem russeschen Oligarch bestuet. Nodeems d’Elteren dat gewuer ginn, reese Si an Amerika fir de Mariage nees ze annuléieren. Och den zweeten Deel vum Blockbuster "Dune", mam Timothée Chalamet a Zendaya an den Haaptrollen, an de Musical "Wicked" goufe 7 Mol nominéiert. Dat ënner anerem fir bescht Niewe-Schauspiller a Schauspillerin.
A Complete Unknown an Kneecap
2024 huet den Timothée Chalamet an enger Biopic de Bob Dylan verkierpert. De Film geet u mat engem nach onbekannten 19 Joer ale Bob Dylan, dee mat näischt weider wéi senger Gittar a sengem eenzegaartege Museks-Talent zu New York ukënnt. Vun do u geet seng Karriär sou richteg un, an hie muss léiere mat der nei gewonnener Berüümtheet eens ze ginn. "Kneecap" ass eng Komedie an der d’Geschicht vum Ursprong vun der irescher Hip-Hop Band Kneecap erzielt gëtt. Béid Filmer si 6 Mol nominéiert.
Nosferatu an The Substance
Dës 2 Filmer goufe 5 Mol fir Bafta Awards nominéiert: de Film "Nosferatu", deen och als eng Symphonie vun Horror beschriwwe gëtt. Et handelt sech hei ëm e Vampir Film am Stil vum däitschen Expressionismus. An de Rollen ze gesi sinn ënner anerem de Bill Skarsgård, deen och de grujelege Clown am Film "It" spillt, an d’Lily-Rose Depp. Deen anere Film heescht "The Substance". Dësen Horrorfilm, mam Demi Moore an der Haaptroll, thematiséiert d’Gefore vun de Schéinheetsidealer an der Filmindustrie.
Et dierf een also gespaant si wéi ee Film déi meeschte Präisser den Owend vun de Baftas ofraume wäert.