De Film "It Ends With Us", mam Blake Lively a Justin Baldoni an den Haaptrollen, ass d’lëscht Joer am August an d’Kinoe komm. De 17. Februar dëst Joer wäert een de Film dann och op Netflix kënne kucken.

06/02/2025 It Ends With Us

D’Geschicht baséiert op dem Buch mam selwechten Titel vun der amerikanescher Autorin Colleen Hoover.

An dorëms geet et: D’Lily Bloom, gespillt vum Blake Lively, ass eng jonk an ambitionéiert Fra, déi hofft, sech an der US-Metropol Boston en neit Liewe kënnen opzebauen. D’Lily hat schonn ëmmer eng grouss Passioun fir Blummen, a steet lo kuerz virdrun en eegene Blummebuttek opzemaachen.

Da léiert Si de charmante Chirurg Ryle Kincaid, verkierpert vum Justin Baldoni,  kennen. Dem Lily säi Liewe schéngt perfekt.

Ma dës Harmonie ass awer net fir laang : Séier stellt sech eraus, datt de Ryle ëmmer méi dacks e gewalttätegt Verhalen opweist. An enger besonnescher hefteger Sträit-Situatioun, ausgeléist duerch dem Ryle seng Jalousie, fält d’Lily a stéisst sech de Kapp.

An da kräizt och nach dem Lily säin Ex op. Seng heel Welt riskéiert am totale Chaos ënnerzegoen.

De Film war an de leschte Méint dacks a Kritik geroden, well et tëscht de Schauspiller Onstëmmegkeete goufen, déi elo viru Geriicht gekläert musse ginn.