Den Elvis.lu zielt, wéi säin Ausgesinn a seng Stëmm him schonn e puer mol bei Police oder Douane weidergehollef hunn. Am 'Café des artistes' am Gronn ginn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten gewuer, dass de Steven Pitman um Flughafen Hahn op d'Welt koum, dass hien 2 Joer hannert senger Fra hier war. Hien verréit, dass en eng Kéier bei engem Optrëtt seng Box vergiess hat an dass en am Mäerz a Pensioun geet. Piano: Marc Schmidt

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et um Direkter vun der FEDIL. De René Winkin schwätzt iwwer seng Éisleker Wuerzelen a verréit firwat säin Häerz am Fussball fir Liverpool schléit. Mir ginn gewuer wéi seng eegen fussballeresch Qualitéiten sinn, wéi e beim Sportsjournalismus gelant war an erënnert un eng memorabel Soirée mam Astrid Lulling zu Stroossbuerg. Den Hobby DJ zielt wéi et hannert de Kulissen vu Wirtschaftsmissiounen ofleeft a firwat et a senger Studentenzäit beim Kleeschen zu enger brenzeleger Situatioun komm war.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen