
© pixabay
Vum "Liebesweg" an Italien bis zu der längster Wandertour vun der Welt a Portugal: Mir stëllen Iech e puer flott Wanderweeër vir, déi 2024 nei opgemaach goufen.
2024 ass Wanderen nach méi beléift ginn. Fir verschiddener ass et eng Aktivitéit, fir e bësse Rou vum stressegen Alldag ze fannen, fir anerer ass et eng sportlech Challenge. Wanderen kann och eng Méiglechkeet si fir manner bekannten Ecker vun engem Land kennenzeléieren.
Eng vun de berüümtste Wandertouren an Italien ass no 10 Joer nees opgaangen: déi romantesch "Via dell Amore", oder och de Wee vun der Léift. Dëse Wee läit tëscht Riomaggiore a Manarola, zwou Stied am sougenannte Cinque Terre. 2012 huet dëse Wandertour wéinst engem Äerdrutsch missen zoumaachen, bei deem véier Touriste verletzt goufen. De Wee ass nëmmen 1 Kilometer laang, dofir gëtt een awer mat der wonnerschéiner Kuliss virun der Küst vu Cinque Terre verwinnt.
Wie gäre vun Insel zu Insel wandert, kann dat a Schweden maachen: deen 270 Kilometer laange "Schärenweg" an der Géigend vu Stockholm verbënnt iwwert 20 Insele mateneen. Hei kann een déi rau a wëll Natur vu Schweden richteg gutt genéissen. De Wee ass mat Schëlder, Bänken, an Hütte gutt ekipéiert.
Weider geet et a Portugal, an zwar mat deem längste Wanderwee vun der Welt. De sougenannte "Palmilhar" ass ganzer 3.000 Kilometer laang. 2024 gouf am klengen Alenquer, enger Gemeng nërdlech vu Lissabon, den éischten Deel vun dësem Tour fir de Publik opgemaach. Vun do u féiert de Wee weider duerch ganz Portugal. An den nächsten 3 Joer sollen all d’Etappe vun dem Wandertour fäerdeg ginn.
Zum Schluss gi mer nach emol zeréck an Italien: Hei gouf 2024 e ganz neie Wee opgemaach, bei deem ee fir 7 Deeg duerch déi italieenesch Dolomiten wandert. De "Cammino Retico" ass no engem ale réimesche Vollek benannt, déi zu hirer Zäit an dëser Géigend gelieft hunn. De Wandertour ass 170 Kilometer laang a fänkt bei der italieenescher Stad Belluno un, an hält och do erëm op.
Wanderen ass net nëmmen eng Alternativ fir méi ëmweltbewosst ze reesen, ma et ass och eng gutt Méiglechkeet fir e Land op eng ganz nei Manéier kennenzeléieren.