Et ass richteg spannend an der Partie am Tennis Davis Cup tëscht Lëtzebuerg an Litauen. Nom éischten Dag steet et 1-1. Haut fält d'Decisioun ob d'FLT-Formatioun an de Weltgrupp 1 opsteigt. Am Gymnase vun der Coque ass et awer gëscht e bëssen anescht gaangen wéi déi meescht geduecht hunn, Franky Hippert:

02/02/2025 8h50 Tennis Davis Cup

Déi meescht hate wuel éischter op eng Victoire vum Chris Rodesch géint d'Nummer 2 vun de Litauer, den Edas Butvilas getippt...och wann dee Géigner ëmmerhinn nach 35 Plaze an der Weltranglëscht virum Lëtzebuerger steet. De Rodesch huet awer iwwerraschenderweis kloer an 2 Sätz verluer.

cut

Duerno huet den Alex Knaff säin beschten Tennis ausgepak an an 3 Sätz géint den Vilius Gaubas gewonnen, deen als Nummer 192 am ATP-Ranking, ëmmerhin 526 Plazen an der Weltranglëscht besser klasséiert ass wéi de Lëtzebuerger.:

cut

Den 1-1 nom éischten Dag hëllt den Lëtzebuerger Davis Cup Kapitän Gilles Muller op jiderfall emol mat:

cut

Lo um 11 Auer geet et schonn weider. Fir den Alex Knaff ass alles op:

cut

Um 11 Auer gëtt fir d'éischt den Dubbel mat der Lëtzebuerger Koppel Rodesch-Knaff gespillt. Duerno sinn nach zwee Eenzel programméiert. Fir d'éischt ass et do den Duell vun den Nummer Eenten Chris Rodesch géint den Vilius Gaubas. Wann dann nach keng Decisioun gefall wär, kritt den Alex Knaff et am leschte Simple mam Edas Butvilas ze dinn.