
© Patrick Greis
De René Winkin ass zanter 2015 Direkter vun der FEDIL, awer hat och scho vill aner Kapen op. Hie schwätzt iwwer seng Éisleker Wuerzelen a verréit firwat säin Häerz am Fussball fir Liverpool schléit. Am 'Café des artistes' ginn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten gewuer wéi e beim Sportsjournalismus gelant war, an en erënnert un eng memorabel Soirée mam Astrid Lulling zu Stroossbuerg. Den Hobby DJ zielt wéi et hannert de Kulissen vu Wirtschaftsmissiounen ofleeft a firwat et a senger Studentenzäit beim Kleeschen zu enger brenzeleger Situatioun komm war. Piano: Marc Schmidt
03-02-2025 RTL-Afterwork: mam René Winkin (Méindeg)
Muer géint 17h15 verréit de René Winkin wéi en déi national Skimeeschterschaften als Sportjournalist couvréiert huet ouni vill Anung dovunner ze hunn. Mir héieren, dass hie beim leschte Match vum Klopp am Stadion war, an gi gewuer wéi seng eege fussballeresch Qualitéite sinn.

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen
Am meeschte gelies