Zanter 1991 ass de René Winkin bei der FEDIL, der Stëmm vun der Lëtzebuerger Industrie. Hie war 'Attaché économique' a Conseiller. 2006 gouf hie 'Secrétaire général' an hie war och Responsabele vum Departement des 'Affaires industrielles' fir nëmmen déi Funktiounen ze nennen. Zanter Dezember 2015 steet den Éisleker un der Spëtzt vun der FEDIL an ass hiert Sproochrouer. Am 'Café des Artistes' wollten den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten de Privatmann a grousse Fan vum FC Liverpool besser kenneléieren. Piano: Marc Schmidt

04-02-2025 RTL-Afterwork: mam René Winkin (Dënschdeg)

Muer géint 17h15 verréit de René Winkin, dass hien och eng Karriär als DJ gemaach huet. Mir héieren, dass hien et als Schoulbouf fauschtdéck hannert den Oueren hat an als Student hat hien de Kanner bal de Glawen un de Kleeschen geholl.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen