Den aktuellen Direkter vun der FEDIL, der 'Business Federation Luxembourg' déi 1918 gegënnt gouf, ass de René Winkin. Hie war 23 Joer d'Gesiicht vum 'Groupement Pétrolier zu Lëtzebuerg, an och a sengem Privatliewen war et bis elo ni langweileg, mat Sport, Musek an där eng oder anerer klenger Spiicht. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten versicht hien op verschidde Saachen unzeschwätzen, déi längst verjäert sinn. Piano: Marc Schmidt

05-02-2025 RTL-Afterwork: mam René Winkin (Mëttwoch)

Muer géint 17h15 verréit de FEDIL-Direkter René Winkin, dass hien als Student näischt ubrenne gelooss huet, an do war, mam Auto, de falsche Wee duerch eng Avenue fueren, näischt Anormales. Hien war och ëmmer u Politik interesséiert ouni Politiker wëllen ze ginn an hien erënnert sech un eng memorabel Soirée zu Stroossbuerg mam Astrid Lulling, wou et net bei engem Glas bliwwen ass.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen