Paperjam publizéiere jo reegelméisseg um Enn vum Joer eng Lëscht vun den aflossräichste Fraen a Männer aus dem Land, an do louch den Invité vum Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel a Shari Schenten 2024 op Plaz 5. Am 'Café des artistes am Gronn' huet den René Winkin, den Direkter vun der FEDIL, elo manner iwwer d'Wirtschaft geschwat, obwuel an eng Wiertschaft goung et am Laf vum Gespréich och. Piano: Marc Schmidt

06-02-2025 RTL-Afterwork: mam René Winkin (Donneschdeg)

Muer géint 17h15 verréit de René Winkin wéi stresseg Wirtschaftsmissioune kënne sinn. Mir héieren awer och, dass do dacks vill gelaacht ginn ass an een e kille Kapp gebraucht huet wann ee mat verschiddene Leit verhandelt huet a senger Zäit beim 'Groupe pétrolier'.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen