Haut kennt een den René Winkin als Direkter vun der FEDIL. Am RTL-Afterwork ass een awer gewinnt, dass op déi ganz Geschicht vun engem Invité zréckgekuckt gëtt, vun der Kandheet bis haut. Am 'Café des artistes' am Gronn hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten och hei keng Ausnam gemaach an hunn d'Fussballkarriäre, déi als Sportjournalist an DJ gesträift ouni eng legendär Soirée als Student zu Stroossbuerg zesummen mat der Europadeputéiert Astrid Lulling ënner den Dësch ze kieren. An dat beweegt Liewen ass weider gaangen. Piano: Marc Schmidt

07-02-2025 RTL-Afterwork: mam René Winkin (Freideg)

Muer géint 17h15 verréit de René Winkin dass hien vum Bauerenhaff kënnt, an dofir keng Angscht virun Spannen a Schlaangen huet. Hien verréit dass de Nicolas Buck, de fréiere President vun der FEDIL en décke Manu-Fan ass, an hien als iwwerzeegten Liverpool-Fan awer mat him eens gëtt, an hien gëtt zou keen grousse Kinosgänger ze sinn.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen