Politik huet de René Winkin vu Jonkem un interesséiert, ouni awer wëlle Politiker ze ginn, dofir ass hien zanter 1991 der FEDIL trei, a verschiddene Funktioune wéi Wirtschaftsattaché a Beroder. Et kennt een hien och nach als Generalsekretär vum 'Groupement pétrolier luxembourgeois' wou hien 23 Joer aktiv war an elo steet hien zanter dem 1.Januar 2016 un der Spëtzt vun 'The Voice of Luxembourg's Industry' als Successeur vum Nicolas Soisson. Am 'Café des artistes' hunn den Dan Spogen, Raoul Roos, Mike Fandel an d'Shari Schenten sech méi fir de Mënsch hannert dem groussen Titel interesséiert. Piano: Marc Schmidt

08-02-2025 RTL-Afterwork: mam René Winkin (Samschdeg)

Déi nächst Woch géint 17h15 ass et un der Actrice Michèle Turpel déi aktuell hiren drëtten Solo-Programm 'Mämmories' op Tournée iwwerall am Land spillt. Auteur a Regisseur, ass wéi bei deenen aneren 2 Programmer och, de Jemp Schuster, mat deem si och bestuet ass. Wéi et schlussendlech zu deem Mariage koum, gëtt ee gewuer. Zu der Liewensgeschicht gehéiert och d'Geheimsprooch ënner Zwillingen, d'Léift fir d'Schoul, e Proff, deen et gutt gemengt huet, e Feelstart beim Schwammen, d'Faszinatioun fir d'Schreifmaschinn, déi léif Zigarett, eng gutt Kippchen an d'Angscht virun Uebst apaart mat Kären.

RTL

De ganze Podcast gëtt et ëmmer samschdes op RTL PLAY an op ville Podcast-Plattformen