D'Wieder huet de Weekend natierlech eraus an d'Natur gezunn, fir sech d'Been ze vertrëppelen an e puer sonneg Momenter z'erwëschen.
Gëschter ass an der LuxExpo - The Box awer och de Salon 'Antiques & Art Fair' op en Enn gaangen. Och déi 50t Editioun hat nees Händler aus 7 Länner zesummebruecht déi hir schéinsten Stécker fir de Lëtzebuerger Marché agepaakt haten. Ënnert hinnen och e Gesiicht dat een aus der Sendung 'Bares für Rares' mam Horst Lichter kennt, den iwweraus frëndlechen Detlev Kümmel.

03/01/2025 Antiques & Art Fair
03-02-2025 Antiques & Art Fair - Händler (1)
RTL

De Lëtzebuerger Marché ass ëmmer nees fir eng Iwwerraschung gutt gouf unisono gesot, a sou war et och gëscht, déi eng hunn vu Stand zu Stand op déi schéin Objeten gekuckt, anerer woussten genee firwat se komm waren.

03-02-2025 Antiques & Art Fair - Visiteuren (2)
RTL
RTL
RTL
RTL