Vläicht wëllt dir Vältesdag doheem bleiwen an owes gemittlech eng romantesch Serie kucken oder eventuell sidd dir nach guer net a Stëmmung fir Häerzer, Käerzen a Rousen. D'Shari Schenten huet 5 Serië fir iech, déi dat eventuell änneren.

14/02/2025 Sérien fir Vältesdag

Et gëtt jo déi verschiddenst Definitioune vu Romantik a fir all Goût misst eng Serie dobäi sinn:

1) Kitsch: Bridgerton (Netflix)

An där Kategorie däerf natierlech eng Netflix-Produktioun net feelen: A Bridgerton si mir an engem fiktive London am 19. Joerhonnert an an der High Society geet et op de Baler ëm eng eenzeg Saach, nämlech de richtege Partner fir ze bestuede fannen. An den 3 Staffele steet ëmmer eng Koppel am Vierdergrond, déi trotz Hindernisser, Ängschten an Zweiwel zesummefënnt.

2) Rom-Com mat e bësse méi Déifgang: Nobody wants this (Netflix)

Fir all d'Rom-Com-Fanen ass den Netflix-Hit vum leschten Hierscht eppes: Nobody wants this erzielt d’Geschicht vun enger agnostescher Fra, déi sech an e Rabbi verléift. Probleemer si virprogramméiert an déi léist déi onkonventionell Koppel mat Versteesdemech a gudder Kommunikatioun.

3) D'Léift an alle Facetten: Modern love (Amazon prime) an Easy (Netflix)

Wien eng méi éierlech an dofir och beréierend Aart sech mat Léift auserneenzesetze léiwer huet, kënnt bei Modern Love op Amazon prime op seng Käschten. D'Serie baséiert op der New York Times-Kolumn mam selwechten Titel, an där normal Leit vun hirer Libesgeschicht erzielen. Dofir fanne mir hei d'Léift an de verschiddenste Facetten: Léift zu Kolleegen, der Famill, mir hu jonk Leit, al Leit, krank Leit, erfëllte Léift, onerfëllten, onkonventionnell, kontrovers oder platonesch Léift. Mëttlerweil gëtt et och verschidde Spin-offen, wéi Modern Love Amsterdam oder Mumbai.

A well sech déi grouss Streamingdéngschter ëmmer Konkurrenz maachen, gëtt et esou eng änlech Serie am e bësse manner gudden op Netflix an heescht Easy. A béide Serien spillen och immens voll Hollywood-Stare mat, déi en Deel zu der Qualitéit bäidroen.

4) Drama/Coming-of-Age: Normal people

Normal people ass eng Mini-Serie vun 12 Episoden a baséiert um Bestseller-Roman vum Sally Ronney. Mir begleeden d'Marianne an de Connell vum Lycée bis an den Erwuessenalter. An hirer Libesgeschicht gëtt et Ups an downs, Péng a schéi Momenter, a si trëfft ee voll an de Pinschzentrum. Leet d'Nuesschnappercher also prett. Schwiereg ass et awer se am Moment fräi ze streamen, well se op Amazon Prime nach net fir Lëtzebuerg fräigeschalt ass. Et lount sech awer se ze kafen (wat och digital geet).

5) Coming-of-Age: One Day (Zwei an einem Tag) (Netflix)

Wien elo net extra fir eng Serie bezuele wëll, well e scho genuch Aboen huet, mä d'Iddi interessant fënnt, zwou Persounen an hir Entwécklung iwwer eng länger Zäit ze gesinn, huet op Netflix One Day (op Däitsch Zwei an einem Tag). D'Emma an den Dexter léiere sech de 15. Juli 1988 kennen a verbréngen eng Nuecht mateneen. An all Episod gesi mir si op engem 15. Juli genee ee Joer méi spéit a wéi si an hir Liewe sech entwéckelt hunn.

Vill Spaass beim Kucken.