Am Géigesaz zu deem, wat vill Leit mengen, war Vältesdag net einfach eng gutt Marketing-Iddi vu Floristen a vu Chocolatieren fir hir Keesen ze fëllen. Mee Vältesdag ass eng Traditioun, déi hiren Ursprong am Mëttelalter huet.

14/02/2025 Ursprong Vältesdag 6h50

Am fréie Mëttelalter gouf et schonn eng Aart Vältesdag. Dëse Brauch geet op déi réimesch kathoulesch Kierch zeréck. Méi genee op den Hellegen Valentin vun Terni. Hien huet esou staark un de Bond vun der Léift gegleeft, dass et hien herno souguer an d'Graf bruet huet.

Iwwer d'Grenze vun Italien eraus, war de Valentin vun Terni bekannt. Dat well all déi Koppelen, déi hie bestuet huet, laang a glécklech zesummen bliwwen wieren. An no der Zeremonie huet hien der frësch bestueter Koppel e Bouquet Blummen aus sengem Gaart geschenkt. Verléifte Koppelen ze bestuede wier seng Beruffung. A sou huet hien och Koppelen bestuet, déi net dem selwechte Stand oder dem selwechte Vollek ugehéiert hunn. Dat war zu der Zäit allerdéngs verbueden a sou huet de réimeschen Keeser de Valentin vun Terni de 14. Februar 269 hiriichten gelooss.

Mee schonn do virdrun huet een de 14. Februar och schonn als Dag vun der Léift kannt. Op dësem Dag huet ee fir Gëttin Juno (am Griicheschen d'Gëttin Hera) gebiet. An et huet ee fir Si Blummen geaffert fir dass d'Famill an d'Koppel weider glécklech bleiwen. Duerno huet sech dëse Brauch weider entwéckelt an de Mann huet de 14. Februar amplaz der Gëttin Juno, d'Blummen sengem Häerzblat geschenkt.

E bësse méi spéit am Mëttelalter koum dunn de Minnesang. Mythen an Märercher iwwert Léift ginn duerch Reesender, déi vun Duerf zu Duerf zéien an hir Gedichter virdroen, ëmmer méi beléift. A sou bleift och Vältesdag weider bestoen a gewënnt u Wichtegkeet. Virun allem an England. Do gi fir d'éischte Kéier och Kaarte geschriwwen a Blumme verschenkt. Sou soll den englesch Schrëftsteller Samuel Pebys senger Fra e Libesbréif geschéckt hunn a Si huet mat Blummen geäntwert.

Aus Groussbritannien huet Vältesdag séier de Wee an Amerika fonnt an ass do iwwert Joerhonnerten ewech zur Traditioun ginn. An Europa huet Vältesdag eréischt nom 2. Weltkrich e richtege Boom kritt, wéi Floristen a Chocolatieren de Potenzial vu Vältesdag erkannt hunn.