
© Warner Bros
Opgepasst Thriller-Fans: Um Streamingdéngscht Amazon Prime kann een zënter kuerzem de Film “Blink Twice” kucken. An dësen ass näischt fir schwaach Nerven. Ganz aus der Loft gegraff, ass d’Thematik nämlech net. D’Céline Spithoven huet sech de Film mol ugekuckt.
Zwou Frae léieren op enger Soirée e bekannten an erfollegräiche Milliardär kennen a gi spontan vun him op seng Privatinsel invitéiert fir do weider ze feieren. Den Dag verbréngen si an der Sonn beim Pool, mat engem Cocktail an der Hand an Owes nom Iesse ginn hinnen Droge proposéiert, déi einfach Spaass maache sollen. No e puer Deeg fält de Fraen awer op, dass iergendeppes schif leeft a si sech un d’Nuechte guer net erënnere kënnen. Dorëms geet et am Film Blink Twice, bei dem den Channing Tatum d’Roll vum Milliardär Slater King iwwerhëllt.
Wat genee duerno geschitt, dat verroden ech iech elo net. Ma wat een awer soe kann: d’Privatinsel, d’Drogen a Fraen, déi vu Männer mat Muecht ugezunn an ausgenotzt ginn. Dat erënnert dach staark un d’Affär vum Jeffrey Epstein. Dëse soll iwwer Jore Fraen a Mannerjäreger op seng Privatinsel bruecht hunn, fir dës hei deelweis mat anere prominente Männer sexuell ze mëssbrauchen. Ma Iwwerschneidunge mat den aktuelle Virwërf géint de Rapper P.Diddy ginn et och. Dëse sëtzt jo zënter September an Untersuchungshaft. Him ginn ënnert anerem Sexhandel a Vergewaltegungen a d’Organisatioun vu Sexpartye virgehäit. Op Tiktok ginn elo eng ganz Partie Theorien opgestallt an no Connectiounen tëscht dem Film an dem Fall P.Diddy gesicht. Ze vill eran interpretéiert oder verstoppte Messagen am Film? Doriwwer kann een diskutéieren,
Allgemeng geet et awer ëm Männer respektiv Mënschen, déi hir Muecht ausnotze fir sech sexuell ze defouléieren oder anere Fantasien nozegoen. An obwuel de Film Blink Twice fiktiv ass, ass de Sujet et leider net. D’Regisseurin Zoë Kravitz huet sech hei nämlech vun eegenen Erfarungen inspiréiere gelooss, déi si als Fra am Filmgeschäft gemaach huet. Am Ufank vum Film warnt si och, dass Thematik eng ganz schwiereg ass an näischt fir schwaach Nerven ass.
Ma wann dir da staark Nerven hutt, fannt Dir de Film wéi scho gesot op Amazon Prime.