Och dëse Wanter reesen nees vill Leit an d’Bierger, fir Schi oder Snowboard ze fueren. Leider si Schnéikanounen oder am Déif-Schnéi fueren net immens gutt fir d'Klima. Mir hunn e puer Tipps, wéi een och am Wantersport e bëssen op de Klimaschutz oppasse kann.

16/01/2025 Klimafrëndleche Wantersport

Den Auto: enger Etüd no, si 75 bis 85 Prozent vum CO2 Ausstouss am Wanter-Tourismus op d’Urees zeréck ze féieren. Hei ginn et awer gutt Alternativen, zum Beispill kann een déi meescht vun de Schidestinatioune mam Zuch oder mam Bus erreechen.

Ob Frankräich, Schwäiz, oder Éisträich, bei der Auswiel vun der Schi-Destinatioun kann ee schonn am viraus kucken, datt keng oder sou mann wéi méiglech Schnéikanoune benotzt ginn. De kënschtleche Schnéi ass nämlech schiedlech fir d'Déieren an d’Planzen. Sou eng Schnéikanoun verbraucht och vill Waasser – fir 30 cm Schnéi brauch ee bis zu 1,5 Millioune Liter.

Fir d’Deieren an d’Planzewelt nach besser ze schützen, ass et am beschten, op präparéierte Pisten ze fueren. Geessen, Steebéck, Réi, a Schnéi-Huesen, déi an de Bierger doheem sinn, sichen dacks op den Terrainen nieft de Pisten hir Rou a Schutz. Wa se vu Schi oder Snowboard-Fuerer am Déif-Schnéi iwwerrascht ginn, sinn déi Déiere permanent extremem Stress ausgesat.
 
Leit déi net reegelméisseg an de Wantersport fueren, kënne sech hier Schi-Ausrüstung gemittlech op der Plaz ausléinen. Jacketten a Schiboxen och am beschten net all Joer nei kafen. An och beim buche vum Hotel oder Chalet kann een drop oppassen, datt d’Anlag sech fir de Klimaschutz op der Plaz asëtzt.

Wantersport a Klimaschutz kombinéieren ass also duerchaus méiglech.