
© Myriam Zilles on Unsplash
All Mënsch mat minimalem gesonde Mënscheverstand rëselt hei de Kapp. Opgepasst; en neien Challenge an de sozialen Netzwierker mécht d'Ronn. Wie packt am meeschte Paracetamol?
Hei eng éischt Reaktioun vum Dr. Nico Haas, Generalist.
Mäi Papp géif soen, wann een zu der seet: "sprang d'Bréck erof, spréngs de dann och?"
D'Medikament ass geduecht fir ze hëllefen an net fir en Challenge op TikTok.
De Paracelsus, dat war en Dokter, deen zu Basel d'Medezin geléiert huet, fir d'éischt op Däitsch, an deen huet gesot Nichts ist kein Gift, alles ist Gift, allein die Dosis bestimmt ob Gift oder Nichtgift. Sou ass et och mam Paracetamol. An den therapeuteschen Dosen, do hëlleft e géint de Wéi, en hëlleft ginn d'Féiwer, en Effet bénéfique an e mécht praktesch keng Niewewierkungen. Wann een awer iwwerdreift an et hëlt een es ze vill, da kann et Liewerschied ginn. A wann een es ganz ze vill hëlt, kann et zum Doud féieren.
Ech denken et läit op der Hand datt mir hei elo Kee motivéiere fir do matzemaachen. Mä wat mécht een da wann een ze vill Paracetamol geholl huet?
Et gëtt wuel en Antidote, deen ee kann huelen, dee Moment muss een an d'Spidol goen, da kritt ee Perfusioune gemaach vun engem Medikament, awer dat hëlleft och net ëmmer. Also d'Virsiicht ass schonn ubruecht, wann een esou eppes mécht. Ech, fir mäin Deel, géif keng 10 Gramm oder 15 Gramm Paracetamol mateneen huelen, well ech wëll nach eng Zäit liewen.
Domat wär alles gesot.