Nach 4x schlofe bis Vältesdag, deen Dag wou déi Verléift hier grouss Léift zu enaner mat Blummen an engem Iessen besigelen. An da gëtt et jo och nach déi, déi hoffen, dass den Amor mat Feil zouschléit an d'Kribbelen am Bauch sech bemierkbar mécht. Zanter 2018 hëlleft de Roland Trettl Single fir sech ze fannen, et kann een och behaapten, dass hien nohëlleft, a kuckt wie beieneen passt. Hie reservéiert en Dësch am Restaurant, an de Recht mussen déi zwee da selwer meeschteren. A ronderëm Vältesdag, gëtt et elo eng Editioun vu senger Sendung 'First Dates' awer mat Promien.

Promi First dates - Promien

Bei der Promiversioun kënnt awer och nach mat derbäi, dass ee sech op e puer Manéieren virun der Spectateuren blaméieren kann.

Promi First Dates - Ego

Een vun de Prominenten dee sech bereet erkläert huet d'Experiment matzemaachen ass d'Marika Kilius. Mat hieren 81 Joer wëll si et nach emol wëssen. Déi fréier Partnerin um Äis vum Hans Jürgen Bäumler well erausfannen op si nach ëmmer attraktiv ass a Männer, oder an dësem Fall, een Mann ëm de Fanger wéckele kann. Beim Roland Trettl huet et geklappt.

Promi First Dates - Marika Kilius

De Roland Trettl kënnt der also den Owend um 20h15 bei VOX gesinn mam Promi First Dates.