Wann et engem Mënsch schlecht geet, ass en ganz dacks och schlecht drop. Bei engem Déier kann dat sech och weisen, an et ass fir den Déierendokter eng gelleg Erausfuerderung mam Déier eens ze ginn an him ze hëllefen. E Beispill huet d'RTL Déierendoktesch Romi Roth present, well dofir gëtt et meeschtens och eng Ursaach.

De Skippy, en schlechtgelaunten ale Siames ass komm well hien net méi friesse wollt an och ganz mackeg gi war. An der Praxis hate se all een hellege Respekt virun him. Fir hien ze impfen a seng Krallen ze schneiden oder Blutt ze huelen, dat war bis viru Kuerzem eng richteg Zirkus-Nummer. Elo huet hien sech ouni Fisematenten aus sengem Transportkierfchen huele gelooss. Hee war wéi vu sech. Well seng Haut an engem Pli iwwert der Schëller einfach riicht stoe blouf, wat ëmmer en Zeechen fir Ausdréchnung ass, hate mir de Verdacht, dem ale Kueder seng Nieren hätten de Geescht opginn.

Romi Roth - Zockerdiabetes - Feststellung

Dat kënnt jo bei ale Kazen och méi oft vir an et wier hei och eng Erklärung fir seng Problemer gewiescht wier. Dowéinst waren d´Resultater vu sengen Analysen dunn och eng  Iwwerraschung. 

Dem Skippy seng Nierewäerter ware net esou schlecht. Mais de Bluttzocker war ganz héich. An engem Speziallabo gouf du fonnt, dass säin Zocker eng speziell Ursaach huet: d´Hypophyse, op däitsch Hirnanhangdrüse, mécht wéinst enger Tumeur ze vill Wuesstemshormon. Dat mécht resistent op den Insulin, dee vum Pankreas genuch fabrizéiert, mee eben net méi richteg  profitéiert gëtt. Well  et dofir nach keng garantéiert oder wéinstens ongeféierlech Heelungsmethoden gëtt, krut hien wéi bei engem einfachen Zockerdiabetes Insulinsprëtzen. Aus dem Zockerkoma war hien du séier eraus an nees de granzegen ale Kueder, dee mir all wéi Fixfeier gefaart hunn.

Déierentipp - Romi Roth - Zockerdiabetes - Behandlung