Dëse Sonnde 16. Februar kënnt de spuenesche Museker Iñigo Quintero bei eis op Lëtzebuerg! De Chris Reuter stellt eis de Kënschtler vir.

11/02/2025 Iñigo Quintero @ Rockhal Club

Am September 2022 huet den Iñigo Quintero säi Song "Si No Estás" erausbruecht, an deem et ëm d'Péng an d'Orientéierungslosegkeet no enger Trennung geet. Zu deem Zäitpunkt krut d'Lidd awer net vill Opmierksamkeet an ass an der Mass ënnergaangen. Réischt ee Joer méi spéit, am September 2023, ass de Song aus dem Näischt op TikTok viral gaangen. Op de Sound vum Lidd hu Koppelen a Kolleegen aus där ganzer Welt sech an den Aarm geholl a sech géigesäiteg hir Léift bewisen. "Si No Estás" ass innerhalb vu kuerzer Zäit op d'Nummer 1 an de Spotify Global Official Charts geklommen. Dat ass dem Iñigo als éischte Spuenier iwwerhaapt gelongen. An Däitschland, Éisträich, der Schwäiz a Spuenie gouf et ausserdeem d'Plaz 1 an de Singles-Charts.

Am Abrëll d'lescht Joer huet den Iñigo Quintero seng éischt EP "ES SOLO MÚSICA" op de Marché bruecht. Mëttlerweil si schonn erëm dräi nei Singles dobaussen. Ass hien op der EP nach éischter sengem Piano-Ballade-Stil trei bliwwen, ginn déi nei Lidder ewéi "El Tiempo Que Paso Contigo" e bësse méi no vir.

Nodeems den Iñigo Quintero d'lescht Joer grouss Festivals ewéi Rock in Rio, Sziget oder Arenal Sound gespillt huet, ass de Museker aus der galizescher Stad A Coruña elo erëm op Tour ënnerwee. E Sonnde spillt hien am Club vun der Rockhal, d'Diere ginn um 20:00 Auer op!