D'lescht Joer hat fir Marvel net gutt ugefaangen. "Madame Web" war e reegelrechte Flopp an hat just ënnerierdesch 100 Milliounen Dollar agespillt. Dëst Joer soll dat definitiv besser lafen an dofir schéckt Marvel elo de Captain America op de groussen Ecran. E Mëttwoch kënnt "Captain America: Brave New World" eraus!

09/02/2025 Captain America: Brave New World

Fir de Sam Wilson, aka Captain America, schéngen et keng frëndschaftlech Meetings ouni Hannergedanke méi ze ginn. No engem Treffe mam nei gewielten US-President Thaddeus Ross, gespillt vum Harrison Ford, gëtt hien an en internationale Konflikt verwéckelt. Fir de Sam fänkt eng Course géint d'Zäit un, fir déi politesch Verschwörung opzedecken, déi d'Potential huet déi ganz Welt an d'Verdierwen ze stierzen.

"Brave New World" ass dee 35. Film aus dem Marvel Cinematic Universe an dee véierten Deel aus der "Captain America"-Filmrei. Regisseur ass den Julius Onah, deen ee vläicht scho vu Filmer ewéi "The Girl Is In Trouble", "The Cloverfield Paradox" oder "Luce" kennt. Den Onah huet a senger nach jonker Karriär och scho mat Gréissten ewéi Spike Lee oder J. J. Abrams zesummegeschafft. De Captain America gëtt vum Anthony Mackie gespillt. A senger Roll als US-President Thaddeus Ross feiert den Harrison Ford iwweregens säin Debut am Marvel-Universum.

Beim Cast sinn zum Beispill och nach den Danny Ramirez, den Tim Blake Nelson oder d'Rosa Salazar dobäi. D'Shira Haas spillt d'Ruth Bat-Seraphm, eng eemoleg "Black Widow" an enk Verbündete vum Thaddeus Ross. D'Liv Taylor fungéiert dann als Betty Ross, d'Zellbiologin an Duechter vum neien US-President, bekannt aus "The Incredible Hulk".

"Captain America: Brave New World" leeft de Mëttwoch an de Kinoen hei zu Lëtzebuerg un!