Als Kand ass een ni frou wann een deen heiten Saz ze héiere kritt: 'd'Luucht aus an Dalli'. Den Dokter Marc Keipes aus dem GesondheetsZenter op der Gare weess, dass dee Saz elo nach mat enger neier Etüd a Verbindung bruecht gëtt, sou dass et net nëmmen drëms geet fir méiglechst 'fréi' an d'Bett ze goen fir dem Typ 2 Diabetes virzebauen.

An där gréisster Etüd zu dësem Punkt, mat 85.000 Participanten, déi iwwer 8 Joer suivéiert gi sinn, ass et kloer, dass et net nëmmen de Schlofmangel ass deen Zockerkrankheet ausléise kann, mee och d'Hellegkeet an der Schlofkummer. Bei der Hallschecht vun deene Leit war d'Expositioun 1 Lux oder manner, wat den Equivalent ass vun enger Käerz déi brennt. Do war den Diabetesrisiko am klengsten. Bei deenen 10% vun de Persounen déi am meeschten Luucht kruten, dat waren 48 Lux, war de Risiko 50% méi héich.

Dr Marc Keipes - Luucht aus - Diabetes

Typ 2 Diabetes gëtt awer och nach duerch aner negativ Geschichten provozéiert.

Natierlech sinn aner klassesch Facteuren wéi Iwwergewiicht, fëmmen, Ernierung, Familjevirgeschicht vun Zocker an de Risikokalkulatiounen mat abezunn ginn. Och wa mer mengen bei Luucht gutt geschlof ze hunn schéngt de 'Circadiane' also den Dagesrhythmus duerch d'Luucht awer duercherneen ze kommen. D'Wierkung spillt sech op dem Melatonin aus, an och op anere Systemer. Also nuets d'Luucht aus, Handy aus, dat ass ganz ouni Niewewierkungen, dat hëlleft an der Zockerpreventioun, also bleift dir gesond.

Dr Marc Keipes - Luucht aus - aner Facteuren